Eis Jongen hunn op der Finale Coupe de Luxembourg eng 4 Platz geturnt , si hu gutt geturnt awer Konkurrenz war méi staark .
Felicitatioun un eis Jongen.
Avr 28
Eis Jongen hunn op der Finale Coupe de Luxembourg eng 4 Platz geturnt , si hu gutt geturnt awer Konkurrenz war méi staark .
Felicitatioun un eis Jongen.
Mar 25
Dëst Joer hate mir och erëm AGO vun der FLGYM organiséiert, déi och gutt iwwer Bün gaangen ass, a wou mir och en Éierewäin mat Schnittercher offréiert hunn.
Mar 25
Eis Generalversammlung 2024 ass gutt verlaf ,et waren och vill Leit do wat eis natierlech erfreet huet . Schued dat 3 Leit déi sollte geiert ginn net konnten do sinn.
No eiser Versammlung hate mir eisen Éierewäin.
Fév 13
Wei all Joer gëtt Fuesent am Turnsall gefeiert , an ëmmer mat vill Spaass a Freed, wei dat sech fir Fuesent esou gehéiert 🙂
Fév 03
Giancarla huet seng 85 Joer gefeiert mam Mixt am Turnsall, fir Iessen a Gedrénks war gesuecht .
Alles Guddes gewënscht a nach vill Joren dobäi
Fév 03
Qualifications Coupe de Luxembourg 2024, hate mir als Esperance Differdange Organiséiert
et ass alles gutt verlaf .
D´Organisatioun an de Catering huet gutt funktionéiert .
Eis Turner hunn eng gutt 3 Plaz gemaach Felicitatioun.
Fév 03
Méindeg den 29 Januar 2024 hate mir eisen Träipen-Owend an der Villa Hadir . Et war wei ëmmer gutt an eng flotten Owend ënner Kolleegen.
Déc 22
De Kleesche war an den Turnsall komm an huet eis Kanner wéi all Joer iwwerrascht ,an hinnen eng Titche ginn, wou si sech natierlech immens dorops gefreet hunn 🙂
Déc 13
Et war erëm e flotten Owend op eisem Wirschtercher Owend am Pause Café , et war wei ëmmer gutt an eng flott Ambiance .
Merci un d’Ana a seng Equipe 🙂
Déc 11
E Sonndeg ,de 3 Dezember hate mir eist Iessen am Restaurant Angelo Divino ,fir eise Benevolle Merci ze
soen well ouni hier Hëllef wäre vill Fester net méiglech ze Organiséieren .
Nach eng kéier e grousse Merci 🙂
Derniers commentaires