Juin 20

Tour vum Sports-Loisirs 2018

Eisen Tour 2018 vum Sports-Loisirs Wor erëm flott a wei ëmmer gutt Organiséiert vun eisem Trainer de Mil.
Visitten waren ganz Interessant ,<Straussefarm zu Contern > an< Intermoselle zu Rëmeleng > wou mir erëm eppes beigeleiert hunn.

Mëttegiessen zu Kayl am Pavillon beim Lea Linster an Owesiessen zu Déifferdeng am Aale Stadhaus 🙂

Juin 20

Nordic-Walking 2018

Salut alleguer ,et ass erëm souwäit ,eise Nordic-Walking ass erëm un.

Leider fält de Nordic Walking haut den 20 Juni aus,
de nächsten RDV ass den 27 Juni um Gaalgebierg zu Bieles wei ëmmer um 19h00 🙂

Juin 08

De José huet eis verlooss

Mir hunn leider eng traureg Noriicht, eise José huet eis fir ëmmer verlooss.

José du bass net méi do wou ‘s du wos, awer du bass Iwwerall do wou mir sinn.

Du bleifs ëmmer an eiser Erënnerung Ciao  ;-(

 

Juin 05

Championnats des Sections Masculins 2018

Eis Junioren an Senioren hunn an der Kategorie <B > eng éischt Plaz gemaach Felicitatioun

Mai 31

60 Joer Mil

Eise Mil huet 60 Joer kritt mir wënschen him alles Guddes an eng gutt Gesondheet 🙂

Mai 23

Coupe de Consolation 22.04.2018

Senioren hunn eng 1 Plaz gemaach an eis Junioren eng 4 Plaz

Felicitatioun un eis Jongen

Mai 23

Ovatioun Badminton

Felicitatioun vun eiser Säit a mir wënschen hinnen nach vill Succès

Mai 23

Dem Roland säin leschten Training dës Saison

Mai 13

Maifeier 2018

Wei all Joer hunn mir eis traditionell Maifeier am Bësch op eiser Plaz gefeiert.

De Heng huet wei ëmmer fir déi gutt Wirschtercher gesuergt.

Leider waren dëst Joer net esou vill Turner präsent, trotzdeem Wor wei ëmmer eng flott Ambiance.

Mai 08

Ovatioun vun den Basketballer Steelers

  

Mir wënschen vun eiser Säit aus den Kordall Steelers nach vill Erfolleg fir Zukunft.

Load more