Eis Jongen hunn op der Coupe de Luxembourg zu Uewerkuer de 25.04.2026 eng gutt drëtt Plaz geturnt , Felicitatioun 🙂
Avr 23
Marie + Jacqueline hire Gebuertsdag
Marie + Jacqueline hunn hire Gebuertsdag gefeiert an der Villa Hadir et war e flotten Owend ënner Frënn ,et ass vill Geschnëss a gelaacht ginn . Alles Guddes fir déi Zwee an dat se nach laang dobäi sinn .
Mar 25
AG-ED 22.03.2026
E Sonndeg Moien den 22.03.2026 hate mir eis Assemblée Générale zu Uewerkuer an der Hall John Scheuren.Vill Memberen a Frënn vun der Espérance Déifferdeng hunn de Wee fonnt, ma och Vertrieder vun der Gemeng wore présent. Mir hunn zesummen op ee Flott an erfollegräicht Joer 2025 zeréck gekuckt. Souwuel dem Tom Ulweling, 1 Schäffe vun der Gemeng , wei och dem Paolo Frising Member vun der European Gymnastics, e grousse Merci fir hier Wierder vis à vis vun eisem Veräin
Op eiser AG ware vill Leit a si ass och gutt verlaf . No der AG hate mir Leit op e Patt agelueden wou och gutt geschnësst a gelaacht ginn ass.
No eiser AG ass de Comité an Villa Hadir iesse gaange, wei ëmmer si mir gutt serveiert ginn.
Mar 18
Championnats individuels 15.03.2026
Championnats individuels de 15.03.2026 zu Beetebuerg .
An der catégorie A 2012-2014 de Podium fir eis Espoirs.
1.Emin – 2.Nolan an eng 3. Platz fir de William.
Eng 5.Platz fir den Ezio.
Den Emin ass Champion toutes catégories gi mat 63,050 Punkten.
Eng ondankbar 4. Platz fir de Sam an der categorie B.
An eng 10. Platz fir den Alessio.
Bravo Jongen weider esou .
Mar 07
Demi Finales Coupe de Luxembourg 2026
Op der Demi Finales Coupe de Luxembourg den 28 Februar 2026, hunn eis Jongen eng zweet Plaz gemaach Felicitatioun 🙂
Fév 24
Träipenowend an der Villa Hadir 23.02.2026
Wei all Joer hate mir erëm eisen Träipenowend an der Villa Hadir , Träipen ware wei ëmmer gutt a mir haten och erëm eng gutt Ambiance a et war e flotten Owend zesummen .
Fév 13
Fuesent am Turnsall 2026
Wéi all Joer feieren eise Mixt Fuesent am Turnsall , wou si sech ëmmer flott verkleeden a sech gutt amuséiere Super. 🙂
Jan 25
Coupe de Luxembourg 17.01.2026
De 17 Januar 2026 hate mir Coupe de Luxembourg am Centre de Gym Josy Stoffel organiséiert
et ware ganz vill Leit do , fir Gedrénks a Iesse war och gesuecht .
Eis Jongen haten eng gutt 4 Plaz geturnt, bravo.
Jan 07
Qualification coupe de Lux 2026 Espoirs & Seniors
Qualification coupe de Lux 2026 Espoirs & Seniors

Qualification coupe de Lux Espoirs Qualification coupe de Lux Seniors












Derniers commentaires