Wéi all Joer ass et ëmmer erëm flott wann Fuesent am Turnsall gefeiert gëtt ,vill Spaass an Ambiance
Fév 17
Training mat den Nationalcoachen 11.02.2023
E flotten Training mat den Nationalcoachen bei eis am Centre de Gym Josy Stoffel war Samschdeg den 11 Februar 2023. Dat war am Zesummenhang vum < Rassemblement Volet Masculin fir Joergäng 2010-2014 >. Jongen waren begeeschtert an Nationalcoachen iwwerrascht vum gudden Niveau vun den Jongen.
( CEP Strassen-Aurore Oetrange-L’Esperance Differdange an Nationaltrainer M. Jacques Renson an M. Rachid Moussa )
Weider esou Fotoen hei kucken
Fév 01
Träipenowend 2023 an der Villa Hadir
Eisen Träipenowend 2023 an der Villa Hadir mat eiser Härenequipe war erëm flott, vill gelaacht an geschnësst ginn a net ze vergiessen Träipen waren och erëm gutt 🙂
Jan 30
Qualifications Coupe de Luxembourg 28.01.2023
Mir haten dëse Samschdes den 28.01.2023 << Qualifikatioun Coupe de Luxembourg >> organiséiert et waren vill Leit do an et huet och alles gutt fonctionéiert , esou dat jiddereen ze frieden war.
Den Erléis vun der Entrée war fir den Télévie, eng gutt Saach
Jan 09
Coupe de L’Esperance 07.01.2023
Eis Coupe de L’Esperance hat vill Succès an et waren och vill Leit do fir Turner ze ënnerstëtzen, mir haten och eng gutt Equipe déi eis gehollef huet e Merci un eis Jongen 🙂
Déc 15
Kleeschen war komm 10.12.2022
De Kleeschen war an den Turnsall komm an huet eis Kanner iwwerrascht an hinnen eng Titchen ginn, wou si sech natierlech immens gefreet hunn 🙂
Juin 26
Tour Loisirs 2022
Wei all Joer maache mir zum Schluss vun der Saison eisen Tour, awer 2 Joer war näischt duerch de Covid .Dofir war et flott fir erëm kennen zesummen en Tour ze maachen.Dëst Joer huet de Marc de Tour organiséiert ,mir waren Rackersmillen kucken an duerno Apero an Mëttegiessen an der Robbesscheier.
Owes war den Ofschloss am Restaurant Mio Mio mat < Ham Fritten an Zalot >.Et war erëm e flotten Dag an dofir soen mir dem Marc e grousse Merci.
Juin 25
Derniers commentaires