Um Championnat zu Beetebuerg hunn eis Jonge super geturnt Felicitatioun , a Champion ass eisen Iampolski Daniel ginn 🙂
Mai 19
1 Mee 2025
Fir den 1 Mee ware mir erëm um Bierg fir eise Meekranz ze maachen . Fir Gedrénks a Iesse war gesuergt , Den Heng war erëm responsabel fir Wirschtercher wat jo wéi ëmmer gutt geklappt huet , Merci Heng.
Et war eng gutt Ambiance an et ass wéi vill geschnësst a gelaacht ginn.
Avr 26
Marie & Jacqueline hunn hire Gebuertsdag gefeiert
Marie & Jacqueline hunn hire Gebuertsdag gefeiert ,wéi ëmmer si mir erëm verwinnt ginn , nach alles Guddes fir iech Zwee.
Avr 13
AG-ED 06.04.2025
Eis Generalversammlung 2025 ass gutt verlaf ,et waren och erëm vill Leit do wat eis natierlech ëmmer erëm erfreet . Dëst Joer hu mir mussen eis Statuten a Jour setze ,wat gutt iwwer Bün gaangen ass .
Schued dat 3 Leit déi sollte geiert ginn net konnten do sinn.
No eiser Versammlung hate mir nach eisen Éierewäin.
Mar 14
1/2 Finale Coupe de Luxembourg 08.03.2025
L’Espérance Differdange hat den 8 Mäerz 1/2 Finale vun der Coupe de Luxembourg am
Centre de Gymnastique Josy Stoffel organiséiert < Espoirs a Seniors >
et ass alles gutt iwwert Bün gaangen , an eis Jongen
( Espoirs ) hunn eng gutt 2 Plaz geturnt Felicitatioun 🙂
Mar 12
Fuesent am Turnsall 2025
Wéi all Joer feiere mir am Turnsall Fuesent , wou se alleguer super verkleet sinn a sech ëmmer gutt amuséieren 🙂
Fév 05
Träipenowend an der Villa Hadir 03.02.2025
Wéi all Joer hate mir eisen Träipenowend an der Villa Hadir ,wou mir déi gutt Träipen genéissen konnten an dobäi och nach e flotten Owend zesumme verbruet hunn 🙂
Derniers commentaires