Juin 26
Wei all Joer maache mir zum Schluss vun der Saison eisen Tour, awer 2 Joer war näischt duerch de Covid .Dofir war et flott fir erëm kennen zesummen en Tour ze maachen.Dëst Joer huet de Marc de Tour organiséiert ,mir waren Rackersmillen kucken an duerno Apero an Mëttegiessen an der Robbesscheier.
Owes war den Ofschloss am Restaurant Mio Mio mat < Ham Fritten an Zalot >.Et war erëm e flotten Dag an dofir soen mir dem Marc e grousse Merci.
Juin 25
Juin 15
Mir haten den 10 Juni e Stage am Volleyball ,de gehale gouf vum Céline an Marie-Anne ( Volley 80 Pétange ), wou mir vill geléiert hunn.
Mir soen hinnen Zwee nach eng kéier e grousse Merci.
Mai 16
Eis Jongen hunn e ganz gutt Resultat geturnt um > Championnats Individuels Minis Masculins A et B < Felicitatioun
Mai 09
Avr 26
Jacqueline 85 Joer an Marie 90 Joer ,hunn am Turnsall an duerno an der Villa Hadir hire Gebuertsdag mat eis zesummen gefeiert, bei Ham Fritten an Zalot an e gudden Patt.
Mir wënschen hinnen alles Guddes an dat si nach laang mat eis zesummen Turnen 🙂
Avr 12
Eis AGO 2022 war dëst Joer erëm normal ,awer mäi kuerz wei soss wéinst dem Covid war manner lass wei déi Joren virdrun.
Eis AGO 2022 ass awer gutt iwwer Bün gaangen, an duerno haten mir eise Éierewäin wat jo eng flott Saach war 🙂
Derniers commentaires