De Kleesche war an den Turnsall komm an huet eis Kanner wéi all Joer iwwerrascht ,an hinnen eng Titche ginn, wou si sech natierlech immens dorops gefreet hunn 🙂
Déc 13
Wischtercher Owend am Pause Cafe 11.12.2023
Et war erëm e flotten Owend op eisem Wirschtercher Owend am Pause Café , et war wei ëmmer gutt an eng flott Ambiance .
Merci un d’Ana a seng Equipe 🙂
Déc 11
Iessen fir eis Benevollen 3.12.2023
E Sonndeg ,de 3 Dezember hate mir eist Iessen am Restaurant Angelo Divino ,fir eise Benevolle Merci ze
soen well ouni hier Hëllef wäre vill Fester net méiglech ze Organiséieren .
Nach eng kéier e grousse Merci 🙂
Oct 14
De Johny huet seng 70 Joer gefeiert 11.10.2023
De Johny huet mat de Härenequipe seng 70 Joer an der Villa Hadir gefeiert et war e flotten Owend , Iesse war gutt a mir haten eng gutt Ambiance.
Nach alles Guddes fir dech Johny . 🙂
Juin 18
Eisen Tour 2023
Eisen Ausfluch hunn mir mat der Kéiserei vun Berdorf ugefaangen, dat war ganz Interessant, an duerno hunn mir och déi verschidde Kéiser ze schmaache kritt mmmhhh,duerno sinn mir bei de Fred an de Restaurant du Park iessen gaangen wou mir gutt Géies hunn.
Nom Iessen sinn mir bei Mme Seil Pascale < Glaskënschtlerin > gaangen, wat och super Interessant war, duerno zeréck op Déifferdeng an Villa Hadir fir eis Fritten Ham an Zalot .
Et war wéi ëmmer e flotten Tour a e schéinen Dag zesummen.
Merci Mil 🙂
Juin 14
Clubchampionnat 10.06.2023
Eis Clubchampionnat 2023 war flott an ass och gutt iwwer Bün gaangen . Eis Turner haten och vill Spaass a waren stolz op hir Medail.












Derniers commentaires