De Kleesche war och erëm dëst Joer bei eis Kanner an den Turnsall komm. A wei ëmmer war eng grouss Freed fir Kanner de Kleeschen ze gesinn an eng Titche vun him ze kréien .
Déc 03
Wirschtercher Owend am Pause Café 2.12.2024
Den 2 Dezember 2024 hate mir erëm eise Wirschtercher Owend am Pause Café.
Wéi ëmmer huet alles geklappt, a mir hate och erëm eng gutt Ambiance ,
et ass vill gelaacht ginn a geschnësst .
Nov 30
Kleeschen zu Déifferdeng
De Kleesche war erëm bei eis zu Déifferdeng ,bei dem schéine Wieder ware och vill Leit do.
Fir Kanner war et erëm eng grouss Freed fir de Kleeschen ze gesinn.
Sep 26
Vally huet seng 80 Joer gefeiert
Vally huet seng 80 gefeiert, a mir wënschen him alles Guddes
an dat Vally nach laang bei eis kann Turnen 🙂
Juin 18
Tour Loisirs 14 Juni 2024
Tour Loisirs 2024 , dëst Joer ware mir an de Mëllerdall wou mir Kallektuffquellen an de Schéissendëmpel besicht hunn, duerno si mir an de Restaurant Reiländer Millen iesse gaangen, wou mir gutt giess hunn.
Mëttes si mir an de Beetebuerger Parc gefuer ,wou mir d’Zooschoul besicht hunn an e bësschen hannert Kulisse vum Park konnte kucken . Owes hu mir an der Villa Hadir nach zesumme giess a mat enger gudder Ambiance den Dag ofgeschloss.
Merci Mil
Juin 15
Championnat des Sections 15.06.2024
Eis Jongen ( Espoirs ) hunn eng gutt 2 Plaz geturnt a Minis eng 3 Plaz, Felicitatioun 🙂
Mai 04
1 Mee 2024
Den 1 Mee 2024 hu mir wei ëmmer op eiser aler Plaz um Bierg gefeiert. Wieder war gutt ,et emol net gereent et waren och vill Leit komm. Den Heng huet sech erëm em Wirschtercher gekëmmert , a si ware wei all Joer erëm gutt., Merci Heng
Mai 04
Marie & Jacqueline feieren hire Gebuertsdag 23.04.2024
Marie & Jacqueline hunn hire Gebuertsdag gefeiert, hinnen Zwee wënschen mir alles Guddes
an dat se nach laang dobäi sinn.
Avr 28
Finale Coupe de Luxembourg 27.04.2024
Eis Jongen hunn op der Finale Coupe de Luxembourg eng 4 Platz geturnt , si hu gutt geturnt awer Konkurrenz war méi staark .
Felicitatioun un eis Jongen.
Mar 25
AGO-FlGym 10.03.2024
Dëst Joer hate mir och erëm AGO vun der FLGYM organiséiert, déi och gutt iwwer Bün gaangen ass, a wou mir och en Éierewäin mat Schnittercher offréiert hunn.











Derniers commentaires